
Energiekooperativ Kanton Réimech
Wëllkomm bei der
EKR Events
Assemblée générale
De 06.05.2026 hate mer eis 3. Assemblée Générale.
Ofgehale gouf dës am Festsall "Gewännchen" zu Réimech.
E grousse Merci un all Kooperateuren déi op eiser Assemblée Générale present waren.
Iwerbléck:
Hei e kuerzen Iwwerbléck fir all déi aner, déi net konnten dobäi sinn. No der Begréissung duerch de President huet eise Sekretär Daniel Schmit en detailléierte Bericht vum Joer 2025 virgedroen. D’Finanzen si vum Tresorier Gérard Willems presentéiert ginn an déi 2 Keeserevisore konnten eng impeccabel Comptabilitéit bestätegen.
Eis 2 Anlagen hunn eng gutt Leeschtung a mir schaffen dru fir de Stroum direkt un d’Gemeng kënnen ze verkafen an esou de Rendement fir eis Kooperativ ze erhéijen. Stéchwuert e-community. Weider Detailer komme geschwënn no.
De ganze Rapport fannt dir hei drënner
No der AG, gouf nach deen een oder aaneren Interview gefouert, déi fir eis Social Media Compagne zesummen geschnidden gin an dann op eisem Facebook an Instagram vereffentlecht ginn. Bei engem gemittlechem Patt, offréiert vun der Gemeng Réimech, ass den Owend op en Ënn gaangen.
Bamplanz-Challenge 2025
Dir hutt bestëmmt matt krut dass eng grouss Bamplanz-Challenge duerch Lëtzebuerg zitt. Och mir goufen Nominéiert fir e Bam ze planzen. Mir hunn eis awer geduecht fir all Anlag, 1 Bam planzen.
Also hu mir der direkt 2 geplanzt.
Hutt dir dëst Joer och schonn e Bam geplanzt?
Nach net, dann ass lo de richtegen Zäitpunkt.
Konferenz Solarenergie
Den 19. Juni haten d’Gemengen aus dem Kanton Réimech hir Biergerinnen a Bierger zu enger Konferenz zum Thema Solarenergie zu Munneref invitéiert.
Deen Owend hunn sech e puer Intresséierter zu Munneref am Biergerhaus zesummenfond an de Sall war gutt gefëllt. Den Här Martin Schmitt vun der Klimaagence huet en interessante Virtrag zu dem Thema virgedroen. De Virtrag ass net nëmmen iwwer d’Installatioun vu PV-Anlage gaangen, mee och iwwer d’Auto-Consommatioun a de Verkaf vum produzéierte Stroum un d‘ Noperschaft a doriwwer eraus. Bei dëser Geleeënheet, hate mir als EKR och d’Chance eis nach emol ze presentéiere fir déi Leit déi eis nach net kannt hunn, an awer och eis Aufgaben an eis Projete kenne kuerz vir ze stellen.
Bei engem Patt, dee vun der Gemeng Munneref offréiert gouf, konnten sech d’Leit bei der Klimaagence a bei eis weider Informatiounen zum Thema Solarenergie ranhuelen. Och hei goufe rëm flott a interessant Gespréicher an Diskussioune gefouert.
Dir konnt leider net un dëser Konferenz deelhuelen, wëllt awer iwwert Solarenergie beroden oder informéiere loossen, da kennt der iech zu all Moment bei der Klimaagence mellen.




Info-Owend zu Fëlschdref
Den 26. Mäerz waren mer zu Fëlschdref am Centre Culturel. Der Duelemer Gemeng en groussen Merci fir dass mir d'Geleegenheet kruten eis als Energiekooperative Kanton Réimech kennen ze presentéieren.
Des kéier war et um Lokalmatador Luc Mangen, duerch den Owend ze féieren. Hien huet net nemmen eis Zieler, eis realiséiert Projeten an eis zukunfts Projete presentéiert, mee awer och de Lokalen zukunfts Projet an der Gemeng Duelem.
Hei handelt et sech em de Projet deen um Schoulcampus vun Duelem realiséiert soll ginn. De Buergermeeschter Romain Kill huet a senge Schlusswierder preziséiert, dat de Wonsch vun der Gemeng do ass, déi Anlag déi aus 3 Deeler besteet, zesumme mat der EKR ze realiséieren.
Mir hunn eis gefreet dësen Owend e puer nei Interesséierter konnten ze begréisse, mee awer och e puer bekannte Gesiichter erëm ze gesinn. Dat beweist eis ëmmer rëm dass d'Bierger a Biergerinnen aus dem Kanton Réimech hannert der EKR an hiren Ziler stinn.




No der Presentatioun gouf et nach eng interessant Froeronn an duerno huet d'Gemeng op e Patt invitéiert. Mir soen all deene Merci déi deen Dag de Wee bis op Fëlschdref an de Centre Culturel fonnt hunn.
Info-Owend zu Ierpeldeng
Den 12. Februar ware mer zu Ierpeldeng am Centre Culturel, wou mer eis als Energiekooperativ Kanton Réimech an awer och eis Zieler konnte virstellen. Och eis realiséiert an Zukunfts Projeten hu mer presentéiert an erkläert.
De Boulodrom huet säit dem 16.08.2023 insgesamt 35,52 MWh Stroum produzéiert.
D'Anlag op der Munnerefer Schoul, déi Säit dem 11.11.2024 leeft huet insgesamt 5,02 MWh Stroum produzéiert. (Stand 17.02.2025)
Och de Projet deen um Centre Culturel, wou dësen Info-Owend stattfonnt huet gouf virgestallt.
D'Anlag zu Ierpeldeng soll eng 20,80 kWp Anlag ginn déi ëmgerechent Stroum fir 8 Eefamilljenhaiser produzéiert. Den Investissement gëtt op +- 23.000€ geschat.




No der Presentatioun gouf et nach eng interessant Froeronn an duerno huet d'Gemeng op e Patt invitéiert.
Mir soen all deene Merci déi deen Dag de Wee bis op Ierpeldeng an de Centre Culturel fonnt hunn.
Aweiung vun der 2ter PV-Anlag
Den 12 November 2024 gouf déi zweet PV-Anlag vun der EKR zesumme mat den Elektrobornë vu Petro-Center ageweit. Des Anlag konnt nëmme mat der Ënnerstëtzung vun eies Memberen realiséiert ginn. De Minister Lex Delles huet et sech net huele gelooss bei der duebeler Aweiung dobäi ze sinn. Mir sinn immens frou iwwer seng Ënnerstëtzung, mee och genau esou frou iwwert déi vum Buergermeeschter Steve Reckel a der Ekipp vun der Munnerefer Gemeng.






