
Neiegkeeten
Nr.03-2023

Eisen éischten Informatiounsowend zu Munneref
D’Membere vum Verwaltungsrot sinn iwwerwältegt vun der grousser Unzuel vun interesséierte Bierger a Biergerinnen déi eisen Informatiounsowend besicht hunn a si ganz frou elo scho matdeelen ze kënnen dat d'Fotovoltaik-Anlag fir de « Boulodrome » finanzéiert ass.
Dat weist eis, dat d’Iddi vun der Kooperativ op oppen Diere stéisst a mir ZESUMMEN um richtege Wee sinn.
E grousse MERCI un d’Gemeng Munneref, hire Buergermeeschter fir déi richteg Wierder, an dem technesche Personal fir hir Ënnerstëtzung bei eisem éischten Info-Owend.
An der Froeronn no der Presentatioun, ass nach emol erauskomm, dat Kooperatioun keen Invest ass fir groussaarteg Gewënner ze erreechen, mee eise Beitrag fir manner Energieofhängegkeet a méi Klimaneutralitéit.
Mir schaffen drun, fir geschwënn eisen nächste Projet virstellen ze kënnen an ziele weider op är/deng groussaarteg Ënnerstëtzung.
M E R C I